Actualité

Nationalfeierdag 2019

Mir feieren eist nationaalt Fest dëst Joer an der Gemeng, e Samschdeg, den 22. Juni 2019 zu Hiefenech.

 

Mir invitéieren déi Dammen an Hären Konseilljéen, déi aktiv a pensionéiert Staats– a Gemengebeamten, eist Léierpersonal mat de Schoulkanner, déi Dammen an Hären vun onse Kommissiounen, déi Dammen an Hären vum Kiercherot, déi Dammen an Hären Presidenten mat hire respektive Veräiner, all Mataarbechter vun der Gemeng an all ons Biergerinnen a Bierger un dëser Feier deelzehuelen.

 

Mir treffen eis an der Kierch, wou den Här Paschtouer ëm 20:00 Auer den TE DEUM ofhält.

 

Duerno offréiert d´Gemeng den Éierewäin am Centre Culturel an éiert wéi all Joer verschidden laangjäreg Memberen vun de Pompjeeën souwéi déi erfollegräichst Sportler aus der Gemeng.

 

Vir deen Dag sinn d´Leit gebieden d´Fändelen erauszehänken.

 

Mir soen Iech elo scho Merci fir är Präsens.

 

De Schäfferot